En Dag bei der POST

En eenzegaartegen Dag fir eis Métieren ze entdecken!

POST Luxembourg organiséiert eng Journée découverte fir Schüler vun 3ème, 2ème a 1ère DAP an DT!

Virwëlzeg?

D’Plaze fir dëst Evenement si limitéiert, dofir zéck net laang a géi op « Postuler » fir dech virum 30. Mäerz 2023 anzeschreiwen.

Ech schreiwe mech an

Programm

  • Wëllkomm ronderëm e Kaffi an e Croissant
  • Präsentatioun vu POST Luxembourg a senge Beruffer
  • Spezifesch Atelieren en lien mam Cursus vun de Schüler
  • Invitatioun op e Mëttegiessen
  • Ateliere vun de Ressources humaines zu den Themen Aarbechtssich, Preparatioun vu Bewerbungen a Berodung bezüglech de « bonnes pratiques » fir Virstellungsgespréicher

Wéini?

Samschdes, den 22/04/2023 vun 10 bis 16 Auer

Wou?

POST Luxembourg
10, rue Emile Bian, L-1235 Luxembourg

Fir wien?

Schüler vun 3ème, 2ème oder 1ère DAP an DT aus de follgenden Domäner:

  • Commerce, administration, vente
  • Electronique, électrotechnique (communication, énergie) oder informatique/télécommunication

Eis Beruffer

Fir e klengen Abléck an eisen Alldag, kuckt dës Videoen.

De Grupp POST Luxembourg
Wie si mir?

De Grupp POST Luxembourg beschäftegt aktuell méi ewéi 4.700 Mataarbechter aus 55 Nationalitéiten an ass domat ee vun de gréissten Employeuren am Land. D’Aktivitéite vum Grupp orientéiere sech haaptsächlech an de Beräicher Telecom & ICT, Post-a Finanzdéngschtleeschtungen. Mat hiren 12 Filialen ass de Grupp en dynameschen Ensemble, wou all Filial fir hir Expertise an hiren Know-how zu Lëtzebuerg an am Ausland unerkannt ass.

De Grupp POST Luxembourg ass kontinuéierlech op der Sich no motivéierte Leit fir hir Ekippen ze verstärken an hir Aktivitéiten auszebauen.