POST Nationalfeierdag 2026

Toutes les chansons

An engem klengen Dueref, ‘t gouf Butschebuerg genannt,  
Do hate mir kee Lueref, d’Leit hunn eis all vernannt.  
Mat Knëppelen a mat Bengelen hu si eis no erwëscht,  
Mir si geflu wéi d’Engelen, mam Instrument op d’Mëscht.

Hei ‘t ass eng Freed, ewéi dat geet,
Mir halen op der Gaass, mir man de Leit vill Spaass.
D’Klarinett ass ëmmer prett,
D’Leit laache sech eng Boss, mee ‘t ass jo net ëmsoss.

Ass Kiermes mol dorëmmer, da si mir fein eraus,  
Mir man et wéi déi Wëlzer, a gi vun Haus zu Haus.  
Mir sangen a mir päifen, a fänke kräfteg un,  
Da kommen aus alle Fënsteren d’Kachdëppen nogeflunn.  

Hei ‘t ass eng Freed, ewéi dat geet,
Mir halen op der Gaass, mir man de Leit vill Spaass.
D’Klarinett ass ëmmer prett,
D’Leit laache sech eng Boss, mee ‘t ass jo net ëmsoss.

Huet d’Auer owes sechs geschlon, da gëtt am Buttek Freed.  
Gläich gëtt den Hittchen opgedon, a fort op heem et geet.  
Nach eemol d’Groussgaass op an of, dat ka kee Mënsch hinne verwieren.  
Well do ginn all déi op an of, déi d’Meedecher hunn esou gieren.

[Refrain:]
D’Hechtercher aus der Stad,
Tipptopp erausgemat.
Hu si d’Schoulbicher nach ënnert dem Aarm,
Da gi si doruechter, hunn d’Hierzer scho waarm.
Vill schéi Versprieche man,
A blënzle mat den Aen.
Sou huet déi Zort et nach ëmmer gemat,
D’Hechtercher aus der Stad.

So Marie, kuck emol de Pier, wat ass hie flott gekleed. 
‘t soll een net soen, datt hien et wier, wann hien esou do geet. 
En Houfert huet e wéi e Fräsch, e Marsch wéi e preiseschen Prënz,  
Mee sécher huet en an der Täsch mol net fir e Stéckelche Mënz.  

[Refrain]

An do de Jang deen huet et flott, op senger neier Plaz.
E kritt bei engem Affekot en halwe Su vum Saz.  
D’lescht wollt hie jo, denk dir mol un, sech mat menger Schwëster bestueden.  
Mäi Papp, dee sot: Du Bouf, gees d’un, soss kriss du de Pupes gefrueden. 

[Refrain]

D’Madammen aus der Sichegaass, déi stounge virun der Dier.  
Haut gouf et eescht, verbäi de Spaass, si rieden hin an hier.  
D’Regierung hat een Här geschéckt, ze kafen Haus fir Haus.  
An ‘t ass em wéi et schéngt gegléckt, si mussen all eraus.  

[Refrain:]
Kanner o Kanner o quel malheur, mir mussen aus der Rue des fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbuer.
Kanner o Kanner o quel malheur, mir mussen aus der Rue des fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbuer.

D’Gréit jäizt: Mir halen net méi stall, mat Dreë geet et duer!  
Weist dee sech nach am Pafendall, da flitt en an de Buer! 
Ah non! Seet d’Siss, mir plënneren, an d’Lougaass trotz dem Knascht.  
Sollt do en Hond eis hënneren, hu mir e gudde Kascht.  

[Refrain]

Mee d’stole Broscht seet: Hieft Verstand, mir street kee Sand an d’Aen.  
Och d’Lougaass hält net laang méi stand, wësst dir da wat mir man?  
Op d’Käerche baue mir en Daach, eng Roulotte huet säi Charme.  
Déi sëtze mir ee schéinen Dag, flang mëtten op d’Plëssdarm.  

[Refrain]

De Feierwon, deen ass bereet, 
Hie päift duerch d’Loft, a fort et geet.
Am Dauschen iwwer d’Strooss vun Eisen,
An hie geet stolz den Noper weisen,
Datt mir nun och de Wee hu fonnt,
Zum éiweg grousse Vëlkerbond.

[Refrain:]
Kommt dir aus Frankräich, Belgien, Preisen,
Mir wëllen iech ons Heemecht weisen.
Frot Dir no alle Säiten hin,
Mir wëlle bleiwe wat mir sinn.
Frot Dir no alle Säiten hin,
Mir wëlle bleiwe wat mir sinn.

Mir hale fest un onser Scholl,
Vu Léift fir d’Land sinn d’Häerzer voll.
Wa mir och keng Milliounen zielen,
dir gëtt ons uechter d’Welt ze wielen.
Mir ruffen all aus engem Monn:
Kee bessert Land beschéngt jee d’Sonn.

[Refrain]

D’Vollek a mengem Heemechtsland,
Huet géint all Mënsch d’Häerz op der Hand.
Seng Fräiheet deet em d’Ae blénken an d’Trei,
déi deet seng Wierder klénken
Seng Sprooch mat hire friemen Téin,
d’Gemittlechkeet, déi mécht se schéin.

[Refrain]

Mir hu keng schwéier Lascht ze droen,
Fir eise Staatswon dunn ze goen.
Keng Steiere kommen eis erdrécken,
Keen Zwang de fräie Geescht erstécken.
Mir maache spuersam eise Stot,
Kee Bierger a kee Bauer klot.

[Refrain]

An hutt dir dann de Wäert erkannt,
vum klenge Lëtzebuerger Land.
An dir musst fort erëm vun eis goen,
Da kënnt dir an der Heemecht soen:
‘t ass d’Gréisst net grad, déi d’Gléck bedeit,
Well an deem Land si glécklech Leit.

[Refrain]

Scho virun dausend Joer wor et bei ons ganz fein,
Do hate mir, ‘t ass kloer, schonn Drauwen an de Wäin.
Och Branntewäin a Béier goufen am Ländche gebraut,
Sou wor bei ons et scho fréier, sou hale mir et nach haut.

Ech drénke gier mäi Pättchen, a mengem Stammlokal.
Doheem an och beim Kättchen, mir schmaacht en iwwerall.
Drénkt mat Genoss äert Glieschen, a maacht iech näischt ze
dinn,
Well onse Miseler Wéngchen ass Herrgottsmedezin,
Well onse Miseler Wéngchen as Herrgottsmedezin!

An hunn ech eemol Suergen, doheem a mengem Stot,
Beim Wiert sinn ech gebuergen, do ginn ech net geplot.
Dofir loosst iech et soen, geet eppes iech géint de Stréch,
Wann d’Surgen iech emol ploen, da maacht et grad ewéi ech!

Ech drénke gier mäi Pättchen, a mengem Stammlokal.
Doheem an och beim Kättchen, mir schmaacht en iwwerall.
Drénkt mat Genoss äert Glieschen, a maacht iech näischt ze
dinn,
Well onse Miseler Wéngchen ass Herrgottsmedezin,
Well onse Miseler Wéngchen as Herrgottsmedezin!

Fei Leit ginn zu Fouss, de Pak dee fiert mam Automobil, 
Wie keng Fotell huet, dee sëtzt sech grad sou gär op d’Still.
Wie kee Piano huet, dee spillt e Mondstéck mat Gefill, 
Jo dat kascht och net souvill.

Gloré, gloré Hallelujah,
Gloré, gloré Hallelujah,
Gloré, gloré Halleluhujah,
Jo dat kascht och net souvill.

Schëtt de Kaffi duerch eng Strëmp mee huel mer ni eng frësch. 
Lee deng Schmier op d’Bänk a stell deng Schong schéin op den 
Dësch.
Hues de mol keen Esseg da schëtt Framboise op d’Zalot,
Jo sou huet de Chef gesot.

Gloré, gloré Hallelujah,
Gloré, gloré Hallelujah,
Gloré, gloré Halleluhujah,
Jo sou huet de Chef gesot.

D’Lëtzebuerger Jongen hunn hir Schung gutt ageschmiert, 
An amplaz mam Biesen, mat der Zännbiischt d’Zelt gekiert.
An dat bescht Geméis, dat ass e Bifdeck vun zwee Pond, 
Jo dat hält de Kapp gesond.

Gloré, gloré Hallelujah,
Gloré, gloré Hallelujah,
Gloré, gloré Halleluhujah,
Jo dat hält de Kapp gesond.

Et stoung mol e Beemchen ze wäit an der Strooss,
Deen huet mech mam Weenchen net laanscht sech gelooss.
Si koumen du richen ob d’Mooss ech och hat,
Ech hat net ze wéineg a gouf agesat.
Nu sëtzen ech Méint schonns a batterer Nout,
Ech kräischen a jéimere bei Waasser a Brout.

[Refrain:]
Hei kann ech net bleiwen, hei ass et net schéin.
Kee Wäin a kee Béier, keng Drëppchen, kee Reen.
Hei kann ech net bleiwen, keen Tele, kee Sport.
O loosst mech dach heemgoen, soss lafen ech fort. 
O loosst mech dach heemgoen, soss lafen ech fort. 

Ech wollt mech drop besseren, sot Äddi der Welt,
An hu mech am Klouschter als Brudder gemellt.
Ech souz op de Knéien an hunn nogeduecht,
Hu Waasser an Äschen op d’Kopp mir geluecht.
Vum ville Brevéieren eleng an der Zell,
Gouf ech esou dréchen, ech spuert a mir d’Häll.

[Refrain]

A wéi et nees bums goung, do war et geschitt,
Du huet meng aarm Séilche gläich Flilléke kritt.
Ech sichen am Himmel wéi benzeg nom Bar,
Et wor keen ze fannen, ‘t wor alles sou rar.
Ech krut näischt ze drénken mat all mengem Goss,
O bréngt mer e Pättchen, soss gëtt et Verdross.

[Refrain]
 

Et wuessen an de frieme Länner,
Vill schwéier Wäiner, rout a wäiss.
Si si gesicht vu ville Kenner,
Vum Rhäin bis déi Säit vu Paräis.
Ech hale mech un d’Muselblimmchen,
Dat ass de Wéngche fir eist d’Land.
E geet dem Jonktem wéi dem ‘Eimschen,
Wann si en drénke mat Verstand.

(2x) Kättchen, Kättchen, bréng mer nach e Pättchen,
Vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mer dee Kadettchen,
‘t ass en Dronk fir Broscht a Been.

Op dir bedréift sidd oder lëschteg,
En deet seng Flicht zu jidder Stonn.
En ass vun heem aus fromm a chrëschtlech,
A krut de Seege vun der Sonn.
Bleift him ewech mat Zockerwaasser,
E brauch net méi gedeeft ze ginn.
E séngt mam Lenz net fir ze spaassen:
„Mir wëlle bleiwe wat mir sinn!“

(2x) Kättchen, Kättchen, bréng mer nach e Pättchen,
Vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mer dee Kadettchen,
‘t ass en Dronk fir Broscht a Been.

 

Donner Knippchen, ech komme lo grad vun enger prachtvoller Friess,
do goufen et déi schéinste Saachen sou an engem Siess.
Ech hu gejickt, ech hu gebafft, ech hu gefruppst mat Genoss,
Ech hu keen eenzege vun de Platen erlaanscht gelooss.
Wou rëm et sech gedréint,
d’Lëtzebuerger Spezialitéit.

Maja ‘t gouf Baurenträipen, ‘t gouf Liewerkniddlen, Kuddelfleck an och Gehäcks.
Duerno fir de Mo ze stäipen en Huesenziwwi, Fierkelsjelli gouf zu vrecks.
Duerno gouf et Gaardebounen, Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a
Bouneschlupp.
Souguer goufen et Melounen, echt Kaffisbounen an een Zoossisswupp.

Fréier bei de Ritter, op all Buerg an op jidder Schlass,
do goufen et schéi Fester, ’t war nach eppes lass.
27 Plate vun deem beschte Fleesch, Poulet, Fësch,
fir d’Ritter an hir Frae stongen do um Dësch.
An haten se d’Bäich puppsat,
Da gouf och nees wupp derbäi gemat.

Maja ‘t gouf Baurenträipen, ‘t gouf Liewerkniddlen, Kuddelfleck an och Gehäcks.
Duerno fir de Mo ze stäipen en Huesenziwwi, Fierkelsjelli gouf zu vrecks.
Duerno gouf et Gaardebounen, Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a
Bouneschlupp.
Souguer goufen et Melounen, echt Kaffisbounen an een Zoossisswupp.

Un der Atert, no beim Waasser, wou déi grousseg Pëpple stinn,
Wunnt de Bauer Péitche Lauer, a seng Duechter, d’Josefin.

O meng Modi, wat e Stodi voller Zodi, Josefin.
Ech gesinn dech, nach e wéineg, an da ginn ech, Josefin. 

Hie war ëmpeg, hatt war dëmpeg, sou eng Nuddeldampmaschinn.
Hien hat néng a sengen Händchen, dofir zéng hat d’Josefin.

O meng Modi, wat e Stodi voller Zodi, Josefin.
Ech gesinn dech, nach e wéineg, an da ginn ech, Josefin. 

Eemol goung et, eemol stoung et, bei der Baach, eist Josefin. 
An du rëtscht et, an du glëtscht et, flupp an d’Baach, eist Josefin. 

O meng Modi, wat e Stodi voller Zodi, Josefin.
Ech gesinn dech, nach e wéineg, an da ginn ech, Josefin. 

‘t huet getuddelt, ‘t huet gespruddelt an der Baach, eist Josefin.
Well ech awer d’Waasser scheien, loossen ech leien, d’Josefin.

O meng Modi, wat e Stodi voller Zodi, Josefin. 
Ech gesinn dech, nach e wéineg, an da ginn ech, Josefin. 

‘t ass Kiermes am Duerf, an de Spillmann ass do,
déi Jonk, déi danzen, déi Al kucken no.

De Bert danzt mam Bärbel an d’Frasel mam Franz,  
Masurka a Polka a Konterdanz.  

‘t ass Kiermes am Duerf, an de Spillmann ass do,
déi Jonk, déi danzen, déi Al kucken no.

Knapps datt se eng Walz, hanneru sech hunn,  
da fänke se schonns mat dem Minnewee un.  

‘t ass Kiermes am Duerf, an de Spillmann ass do,
déi Jonk, déi danzen, déi Al kucken no.

D’Mareikätt dat gloust a pëspert mam Klees, 
An de Jängi gëtt heemlech dem Jeanny eng Bees.  

‘t ass Kiermes am Duerf, an de Spillmann ass do,
déi Jonk, déi danzen, déi Al kucken no.

Den Tun seet zum Tréischen, ech hunn dech sou gär,  
an d’Tréischen zum Tun: mir gi muer bei den Här.  

‘t ass Kiirmes am Duerf, an de Spillmann ass do,
déi Jonk, déi danzen, déi Al kucken no.